top of page

Fotografin fir Neigebueren,
Kanner a Famillen 

Fir déi schéinste Momenter vun ärer Famill festzehaalen
newborn girl shooting

Fotografin fir Neigebueren,
Kanner a Famillen 

Fir déi schéinste Momenter vun ärer Famill festzehaalen

IWWER

mech

Moien, ech sinn Nicky, Fotografin aus Lëtzebuerg a Mam vun zwee wonnerbare Jongen. Als Mamm a Kënschtlerin hat ech schonn ëmmer eng grouss Passioun fir d’Welt vun de Biller an de Geschichten. Ursprénglech hunn ech Kommunikatiounsdesign zu Berlin studéiert, wat mir gehollef huet, e staarke visuelle Bléck z'entwéckelen – mee et war d'Fotografie, déi mäin Häerz erobert huet.

D'Kombinatioun aus menger Léift fir d’Konscht an der Freed, speziell Momenter fest ze halen, huet mech scho säit klengem u  begeeschtert. No Joren un Erfarung an der Weiderentwécklung an der Fotografie, hunn ech 2022, mat engem Mann de mir ëmmer de Réck fräi hält, de Schrëtt gemaach, an de Wonsch vun der Selbstännegkeet verwierklecht. Säit deem begleeden ech Familljen an nei Elteren, fir eenzegaarteg a vergänglech Momenter vum Liewe fest ze halen. 

newborn baby with mother

Eis Aarbechten 

Eng Erënnerung fir dL'iewen

Charlotte-15.jpg

All meng Erwardungen sinn souwuel fir den Schwangerschafts-Shooting wéi och fir den Neigebuerene-Shooting iwwertraff ginn. D‘Nicky an d‘Lisi maachen eng top Arbecht. Duerch dei gemittlech Atmosphere an hirem schéinen Studio an hier Gedold fillt een sech direkt wuel bei hinnen. Si ginn ganz op engem seng Wensch a Virstellungen an si huelen sech déi neideg Zait. Mir sinn méi wéi zefridden mam Resultat an ginn ganz secher bei si zreck.

Caroline&Nicolas

PACKAGEN

Op dir e Kand erwart oder är Famill schon komplett ass an dir sicht e Fotograf fir är Familljemomenter festzehaalen, dann sidd dir bei eis richteg!

Puppelcher, kleng a grouss Kanner mat Iech als Elteren, mir fréeën eis op jidereen.

Ech hunn verschidden Packagen zesummen gesat, fir dass Dir et méi einfach hutt dat Bescht fir iech erauszesichen. Wann Dir Froen zu mengen Packagen hutt, zeckt net mech ze kontaktéieren fir weider Informatiounen ze kréien,

ech stinn Iech fir all Rot zur Säit.

01

Newborn

Fir den Shooting, sollt äre Butz am beschten manner wéi 2 Wochen al sinn. 

Mir bréngen iech an eng gemitterlech Stëmmung an eisem Studio fir dass dir iech wéi Doheem fillt. Mir léeën vill Wärt op eng waarm Ambiance an haalen eis Raumtemperatur bei 25-26 Grad. Dofir doot iech net ze waarm un, dass dir net an d’Schweesse kommt. Fir de Shooting sinn 2-3 Stonnen firgesinn, ma äre Puppelchen gëtt den Tempo fir. Ganz flexibel kënnen mir Pausen aléeën wann den Honger sech mëllt oder wann de Butz eweineg Kamera schei ass.

02

Toddlers

Fir den Shooting, sollt ärt Kand tëscht 11-24 Méint aal sinn.

Mir bréngen iech an eng gemitterlech Stëmmung an eisem Studio fir dass dir an ärt Kand iech wéi Doheem fillt. 

Mir léeën vill Wärt op eng waarm Ambiance an haalen eis Raumtemperatur bei 25-26 Grad. 

Mir préparéieren 2-3 Hannergrënn fir Variétéit an d'Biller ze kreien.

Fir de Shooting sinn 2 Stonnen firgesinn, mir wëllen déi Kleng net iwwer strapazéieren.

03

Pregnancy

Eng Schwangerschaft ass eppes eenzegarteges, haalt och dir dës Arënnerung fest, op mat ärem Partner, äre Kanner oder elleng.

Wärend 2 Stonnen stidd dir an äre Bauch bei eis am Fokus an préparéieren 2-3 Hannergrënn fir verschidden Posen an Idéeën emzesetzen.

Mir recommandéieren de Shooting tëscht dem 7. an 8. Mount z'organiséieren,
natierlech oofhängeg vun ärem Wuelbefannen.

04

Outdoor

An eisem Studio ass et ëmmer gemittlech, ma mir gi genau esou gären eraus an d'Natur fotographéieren.  All Joreszäit bréngt säin eegene Charme mat an dee banne mir gären an eis Fotoe mat an. Wann dir eng flott Location bei iech em den Eck hutt da komme mir gäre bis bei iech gefuer. Vun eisem Studio zu Stroossen sinn 20 km an eisem Präis inclus, fir all weidere Kilometer berechne mir e Supplement.

KONTAKT

Dir hudd Froen oder wëllt ären
Shooting buchen?

Dann ​fëllt eisen Formulaire aus

Merci fir ären Message!

oli-16.jpg

Mat iech leieren ech déi schéinst Ecker an eisem Land kennen.  

Outdoor shooting

Ech begleeden iech ob är ganz perséinlech lieblings Platz, an halen iech als Famill fest. Ob beim Waasser, am Bësch, am Gaart... ech si fir alles ob.

Follow us on instagram!

  • Nicky Breger Facebook Page
  • Nicky Breger Instagram Page
Nicky Breger Photography

info@nickybreger.lu

7, rue de l'église, L-8278 Holzem

www.nickybreger.lu ass en Deel vun NL DESIGN-SARL-S

société à responsabilité limitée - simplifié

RC: B275854

TVA: LU34788876

  • Nicky Breger Facebook Page
  • Nicky Breger Instagram Page
bottom of page