Fotografin fir Neigebueren,
Kanner a Famillen
Fir déi schéinste Momenter vun ärer Famill festzehaalen
Fotografin fir Neigebueren,
Kanner a Famillen
Fir déi schéinste Momenter vun ärer Famill festzehaalen
IWWER
Ons
Mir sinn d’Nicky an d’Lisi, 2 jonk Fraen déi sech zesummen den Dram vun der Selbststännegkeet verwieklechen.
D’Nicky ass geléiert Grafikerin, an d’Fotographie begleet hat säit senger Jugend, ob als Hobby oder Deel vu sengem Studium. Iwwert déi lescht Joeren huet de Fotoapparat d’Nicky emmer mei begleet an lues a lues ass deen dann och e feste Bestanddeel vum Nicky ginn.
Virum Nicky senger Kamera stinn regelmeisseg seng 2 Jongen, déi hat gär an seng Projeten mat abezitt.
Als kreative Kapp brauch een eng riets Hand, an do kënnt d’Lisi mat sengem wirtschaflëchem Know-How an d’Spill.
D’Lisi këmmert sech em déi Sachen, déi hannert de Kulissen ooflafen, virun an no engem Shooting.
Huelt Iech Zäit eisen Site duerchzekucken an zéckt net eis ze kontaktéieren bei Froen.
Eis Aarbechten
Eng Erënnerung fir dL'iewen
PACKAGEN
Op dir e Kand erwart oder är Famill schon komplett ass an dir sicht e Fotograf fir är Familljemomenter festzehaalen, dann sidd dir bei eis richteg!
Puppelcher, kleng a grouss Kanner mat Iech als Elteren, mir fréeën eis op jidereen.
Mir hunn verschidden Packagen zesummen gesat, fir dass Dir et méi einfach hutt dat Bescht fir iech erauszesichen. Wann Dir Froen zu eisen Packagen hutt, zeckt net eis ze kontaktéieren fir weider Informatiounen ze kréien, mir stinn Iech fir all Rot zur Säit.
01
Newborn
Fir den Shooting, sollt äre Butz am beschten manner wéi 2 Wochen al sinn.
Mir bréngen iech an eng gemitterlech Stëmmung an eisem Studio fir dass dir iech wéi Doheem fillt. Mir léeën vill Wärt op eng waarm Ambiance an haalen eis Raumtemperatur bei 25-26 Grad. Dofir doot iech net ze waarm un, dass dir net an d’Schweesse kommt. Fir de Shooting sinn 2-3 Stonnen firgesinn, ma äre Puppelchen gëtt den Tempo fir. Ganz flexibel kënnen mir Pausen aléeën wann den Honger sech mëllt oder wann de Butz eweineg Kamera schei ass.
02
Toddlers
Fir den Shooting, sollt ärt Kand tëscht 11-24 Méint aal sinn.
Mir bréngen iech an eng gemitterlech Stëmmung an eisem Studio fir dass dir an ärt Kand iech wéi Doheem fillt.
Mir léeën vill Wärt op eng waarm Ambiance an haalen eis Raumtemperatur bei 25-26 Grad.
Mir préparéieren 2-3 Hannergrënn fir Variétéit an d'Biller ze kreien.
Fir de Shooting sinn 2 Stonnen firgesinn, mir wëllen déi Kleng net iwwer strapazéieren.
03
Pregnancy
Eng Schwangerschaft ass eppes eenzegarteges, haalt och dir dës Arënnerung fest, op mat ärem Partner, äre Kanner oder elleng.
Wärend 2 Stonnen stidd dir an äre Bauch bei eis am Fokus an préparéieren 2-3 Hannergrënn fir verschidden Posen an Idéeën emzesetzen.
Mir recommandéieren de Shooting tëscht dem 7. an 8. Mount z'organiséieren,
natierlech oofhängeg vun ärem Wuelbefannen.
04
Outdoor
An eisem Studio ass et ëmmer gemittlech, ma mir gi genau esou gären eraus an d'Natur fotographéieren. All Joreszäit bréngt säin eegene Charme mat an dee banne mir gären an eis Fotoe mat an. Wann dir eng flott Location bei iech em den Eck hutt da komme mir gäre bis bei iech gefuer. Vun eisem Studio zu Stroossen sinn 20 km an eisem Präis inclus, fir all weidere Kilometer berechne mir e Supplement.
Dir hudd Froen oder wëllt ären
Shooting buchen?
KONTAKT
Dann fëllt eisen Formulaire aus
Email: info@nickybreger.lu